D’Pilate fanne verstoppten Spenden

Wärend der Sich no de Feeler bei de Finanze vun der Piratepartei, huet sech erausgestallt dass e gréisseren Deel vun den Donen net ob engem Konto erëm ze fanne war. Ënnert dësen Done befënnt sech och d’Remboursement vum Brudder Daniel.

Laut dem Marc Nårgel goufen d’Done vergruewen, fir dass ee keng Fraisen un d’Banken huet misse bezuelen, doriwwer gouf de fréiere President, de Sven Dement, no  eegener Ausso informéiert. Allerdéngs hat deen et erëm vergiess, woubäi en sech net sécher ass en doriwwer iwwerhaapt informéiert gouf. Nodeems déi Informatioun vun de vergruewene Suen nees opgegraff gouf, huet de Brudder Daniel ee vu sengen Ugestallte vu sengem Veräin “Give us a choice” ugestallt mat engem Metalldetekter iwwert den Terrain ze fueren. No 2 Deeg laanger Sich gouf dunn schlussendlech d’Schatztruhe fonnt, an ausgegruewen. “Et schéngt wei wann elo all ons Scholden ob 0 kéinte gesat ginn.”, esou de Marc Nårgel. Allerdéngs stellt sech do ee Problem, Et existéiere keng Beleeg, an esou kann de Remboursement net ausgestallt ginn. “Et hat jo och kee gesot dass een esou eppes brauch, wärend de Walen hunn ech mer fräi Hand ginn.”, esou de Brudder Daniel.

Soumat bleift et wuel weider oppen, wei verfuere wäert ginn. An ob déi Sue kennen ugeholl gi fir hier Scholden ze begläichen.

Vielleicht gefällt dir auch

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.