D’PARTEI am EU Parlament

D’nei Partei, d’PARTEI war Enn Januar 2020 zu Bréissel fir hier nei Büroen am EU Parlament ze besichen. Leider hunn se net dat fonnt wat se wollten.

No enger laanger Rees an d’Ausland sinn de Jeff CIGRAND an de Florian HOLTGEN zu Bréissel ukomm. Si hunn sech direkt op d’Sich nom EU Parlament gemaach a si mat Erfolleg an de Giftshop vum Parlamentarium ukomm. Prompt gouf nom Lëtzebuerger Fändel gesicht mee dee war e Strapp ze deier. Am Géigesaz war de Brexit Fändel fir ee bessere Preis ze fannen.

Nom intermezzo am Giftshop hunn sech d’Jongen op de Wee gemaach fir de Plenarsall vum Parlament ze crashen. D’Security war keng Hürd. De Florian HOLTGEN kontaktéiert een EU Deputéierten deen déi zwee Protagonisten an d’Parlament era léist.

“So what’s up with the statue in the entrance?”, freet de Generalsekretär virwëtzeg den EU Deputéierten, deen him da seet se net un ze pake well se soss Kaméidi mécht. Chose dite, chose faite. De Florian LOLTGEN konnt sech net zréck halen a schléit d’Statue. Happens.

“Ech fanne mäin Büro net.”

Florian Loltgen (2020)

De Plang war kloer; d’Parlament ass der PARTEI hire neien Headquarter.

D’Jongen hunn sech bei der Green/EFA niddergelooss fir hiren Aktivitéiten no ze goen. De Plang war gelongen. D’Statue war ugepaakt an de Büro war och do.

Elo kann déi ganz gutt PARTEI d’Weltherrschaft iwwerhuelen.

Vielleicht gefällt dir auch

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.