Kréien d’Pilate kee Fric?

Nodeems mer lescht Joer gewuer gi sinn dass d’Wielerschaft vun de Pilaten änlech der RAD ass, weist sech keng Differenz zu de Hufeisenpraktiken dei applizéiert ginn. (source)

Et ass einfach mol eng Rechnung ze “verléieren” oder einfach kee Finanzrapport am Joer 2019 ze maachen, obwuel sou ee bis Abrëll lescht Joer versprach gouf. Mee en Negativ vun +/- 70’000€ wéisst sech net gutt der Press. Och der eegener Memberschaft ass deemools probéiert ginn des Informatioun ze verstoppen.

“Hal deng Wieler a Memberen Domm, dann hues de kee Widderstand”

Marc Nårgel – Februar 2019

Mee et goung jo ni em eng Zesummenaarbecht mat dem RAD gëtt behapt. Mee do ass jo dann awer d’Fro firwat een d’Memberen net mat agebonnen huet? Intern Kritik gouf a gëtt nach ëmmer ignoréiert. Um Enn soll et just em Sue gaange sinn, esou wei et de Mr. H. och deemools just em méi Aarbechtsplaze gaangen ass. Wei wäit wäert et elo goen? D’Finanzéierung kann elo flöte goen, a wann een e Prêt muss ophuele well een seng Scholden net méi an de Greff kritt, dann ass och d’Kredibilitéit a Fro ze stellen. Net nëmme goung et em Sue mee och gouf dermadder dem RAD an d’Hänn gespillt. Eng Partei déi extreemst fraglesch Iddien huet an de Leit Saache versprécht mat Scholdzouweisung un Netwielenden. Eng Partei déi bekanntlech Lienen zu enger Ennergrondbeweegung huet, an dere Membere rassistesch Äusserunge post.

“Dir hätt iech jo deemools kennen e Prêt huelen. Ah Jo.”

Xavier Braddel zum Marc Nårgel – Januar 2020

Mat der Zesummenaarbecht vun der DIP koumen dann och Verschwierungstheoretiker bei d’Pilaten. Sou zum Beispill Marie-Jeanne Hummeldinger. Laut hirem Facebook Profil deen ënner engem falschen Numm leeft, ass 5G nëmmen do fir d’Leit em ze bréngen an d’Regierunge wéilten ons all fernsteieren. Alles wat existéiert bréngt ons em, an Impfunge maachen ons Kanner Autistesch. Souwuel intern wei och no baussen esou Aussoen ze maachen, ass net grad produktiv fir d’Kredibilitéit.

“Transparenz duerch Verstoppe vu mengem Numm”

Marie-Jeanne Hummeldinger iwwert hiren fake-profil – November 2019

Eng Jugendpartei déi angeblech eegestänneg ass mee Poste verdeelt ginn u Leit déi exklusiv vum Marc Nårgel rekrutéiert goufen, an zum Zäitpunkt vum Vott weder uwiesend waren an net wossten dass si fir e Posten opgestallt goufen. Esou leiert een der Jugend Transparenz a bereet se ob en eegestännegt Liewe fir. D’Jônk Pilaten si komescherweis ëmmer ënner Obhut vun der Mammepartei uwiesend, déi och fir si ouni dass si involvéiert sinn ob Evenementer ugemellt gi wou da ganz oft einfach kee vun hire Memberen optaucht.

“De Marc sot mir sinn eegestänneg, dofir huet hien eis eng politesch Karriär versprach”

Christian Weltmeer – November 2019

Alles an allem schéngt d’Schëff voller Lächer ze sinn 😉 an déi Transparenz déi gepriedegt gëtt; weist sech, dass se net agehale gouf. Leiwer déi eege Problemer déi leake mat enger iwwerdriwwener Mass un onwichtege Froen un d’Regierung iwwerdecken, wei un de Problemer ze schaffen. An wei de Marc Nårgel sot, wieren déi intern Problemer geléist, mee dat ass eng Method ze soen dass déi aktiv Memberen déi un d’Grondiddi gegleeft un d’Schëff virum ënnergoe verlooss hunn.

Vielleicht gefällt dir auch

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.