Gemeng Monnerech muss plënneren!

An engem Facebook Post dee vun der “Give Us A Voice” ASBL vum Groussdiktator Brudder Daniel an optrag gi gouf, geet et dorëms datt d’Gemeng Monnerech am Wee steet. De Wee2050? Nee, am Wee vun de Wëllschwäin!

D’Wëllschwäin hunn an der leschter Zäit vill Terrain erobert, ënnert anerem och Gäert. Dofir huet de Brudder Daniel eng einfach “Solutioun”. D’Leit sollen sech een elektreschen Drot ronderëm de Gaart installéiere loossen.

Post vun Give Us a Voice

An de Gäert kann een och een elektreschen Drot maachen deen kascht 200 Euro an de Probleem, ass direkt geléist!

Give Us A Voice ASBL op Facebook den 18.05.2020

Laut internen Informatioune kritt d’Chamber deemnächst mat enger Petitioun ze dinn déi et nawell an sech huet.

De Brudder Daniel fuerdert datt d’Gemeng Monnerech ëm ongeféier zimmlech genee 100 Meter no riets op der Landkaart plënnert, domat d’Déieren dann hire Fräiraum zréck kréien.

De Brudder Daniel huet an eisem Interview behaapt datt et hie keng Angscht virum “Vollek” huet, hie wier jo am Osten zimmlech sécher.

Vielleicht gefällt dir auch

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.