De fréiere Sportler an DP-Kandidat Bonoit Joachem war a senger Sportlerkarriär wuel net ëmmer esou éierlech wéi en haut schéngt.

De Weekend war eng Demo géint d’Corona-Mesuren zu Berlin. Laut Informante waren eng 3 Milliounen Demonstranten op der Plaz. Mat hinne war och, de fréiere Doping-Meeschter an DP Kandidat, Bonoit Joachem.
Wéi hie mat engem Post op sengem Facebook-Profil bekannt gemaach huet, well hien datt d’Demo och zu Lëtzebuerg stattfënnt. Domat hunn sech ee puer Verschwurbelter direkt ugefrend. Staark Kritik koum och vu senger Fanbase.
“Ech sinn een Querdenker an maache mir meng eege Meenung”
Bonoit Joachem (2020)
Mat dëse Wierder setzt Joachem ee ganz wichtege Punkt: “Querdenker” mat “eege Meenungen”, si schlussendlech nëmmen “normal Bierger” déi all dat selwecht denken, déi selwecht Theorië vertrieden, déi zanter eh und je net geännert hunn.
Eppes ass sécher, wann de Bonoit mat senger Meut zu Lëtzebuerg eng Demo organiséiert, muss een domat rechnen datt hien onbezwéngbar ass. Iwwregens wäert seng Clique och an d’Nandrolon-Näppche gefall sinn.
