De Claude Tinnitus huet sech fir d’éischte kéier de 25. September op de Killer-Virus SARS-COUGH-2 teste gelooss. Säi Resultat ass positiv eraus komm an domat huet den Här Tinnitus sech missten a Quarantän versetzen.
Wier dat nach net krass genuch huet den Deputéierte vun deene Gréngen entscheet sech fir säi Räich ze afferen. Hien well ganz eleng duerch d’ganzt Land reesen a mat de Bierger a Kontakt triede fir hinnen de Virus mat enger Eolienne ewech ze blosen.

Wéi vill Succès de Claude Tinnitus dobäi huet kenne mir vun eisen Informatiounen nach net Präis ginn. D’Erfollegsmarge bleift geréng.
