No de Bussen, kommen d’Gebaier

Den Tram Projet soll Autoe souwéi Bussen ënnerhalb der Stad verschwanne loossen, mee fir e besseren Trafic ze erméigleche sollen elo d’Gebaier weechen.

Laut dem Minister François Bësch soll vun der Gare bis bei de Lampertsbierg eng gréisser Foussgängerzon entstoen. Et wier eng Opportunitéit fir mat guddem Beispill fir ze goen an en Zeechen ze setzen. Wat fir een Zeeche gemengt ass ass nach net kloer, a gouf och eis géigeniwwer net definéiert.

D’Leit soe jo dass sech souwisou keen eppes an der Stad ka leeschten, da kenne mer och alles ofrappen.

François Bësch – déi Gréng

De Wierkungsgrad vun déi Gréng ass och net ganz kloer, well fir Suen ze spuere solle keng Beem geplanzt ginn, et wier laut déi Gréng och net sënnvoll esou vill CO2 auszestousse fir Beem ze transportéieren.

Vielleicht gefällt dir auch

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.