Zu Lëtzebuerg gëtt Gefëscht

Dat läscht Joer gouf et zu Letzebuerg nawell vill Phishing-Attacken. Ween sech awer 2020 net well erwesche loossen muss hei weider liesen!

Een alen „Fëscher“ op der Sich no Passwierder.

Als Gefëschtenen ass et wichteg net gefëscht ze ginn *zwinker*. Effektiv hunn Fuerscher erausfonnt datt wann een sech un 5 einfach Reegelen hält een net gefëscht gëtt.

Reegel 1:
Passt op a wei enge Gewässer dir Iech beweegt. All Waasser ouni Schlass Zeechen oder „https://“ ass e Waasser wat mat Versicht ze genéissen ass.

Reegel 2:
Schéckt kengem är Passwierder. Seriously, don’t do it. Och net ärer Bank per E-mail.

Reegel 3:
Wann der mengt et wier een Haken do, dann dréint Iech em a gitt fort. Een Haken ass een Indiz datt gefëscht gëtt.

Reegel 4:
Et war schwéier eng véiert Reegel ze fannen dofir halen ech mech kuerz. Passt op Iech op a wann dir een Doute hutt da geschitt Iech och näischt.

Vielleicht gefällt dir auch

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.