E Gebai wat keen well

E Gebai gëtt gebaut, e Gebai lieft an e Gebai stierft. Dat ass den Zyklus vum Liewen a vum Dout. Mee wat ass mat Gebaier déi kee méi well?

D’Post liquidéiert ëmmer méi Post Gebaier fir se dann a groussen Akafszentren ze placéieren. Vill Leit déi gewinnt waren am eegenen Duerf op d’Post ze goe fir senger Bréiffrëndin e Bréif ze schécke MUSSE lo méi weit fueren a bei deene ville Leit an den Akafszenter fueren…

„Wat soll dat dann?“

Astrid Lullingollum (2018)

De Jos vu Réiser an d’Marie vu Beefort sinn entsat. Wéi sollen déi zwee Leschtwieler hire Bréif verschécken? Mat wiem soll de Jos iwwert säi Post Konto streiden oder wien kann d’Marie belästege fir ze wëssen ob de Nigerianesche Prënz hier lo déi 5 Millioune Goldmënze schéckt?

Mir hunn nogefrot an duerften als éischt Lëtzebuerger News-Equipe hannert d’Kulissen luussen. De Post Chef gouf gefrot wou eis 2 Probanten hier Suerge kenne lassginn.

„Am Internet, iwwert eise Site. Wou dann soss?“

Postchef 2020

Et ass onzoumuttbar fir Mënsche vum leschten Alter onbedéngt den Internet mussen ze benotze fir e Bréif ze verschécken.

Mee bon, déi Bréiwer sinn jo dann schon gespuert.

Vielleicht gefällt dir auch

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.